top of page

 

NOSUERGEN

Well den Openthalt an der Maternité ëmmer méi kuerz gëtt, ass  besichen vun enger Hiewan soubal Dir heem gitt eng grouss Hëllef.

​

Dëst erlaabt et mat méi engem sécheren Gefill heem ze goen. Ech wäert mech beméien Iech ze ënnerstëtzen an Iech an den éischte Woche vum Liewen vun Ärem Puppelchen ze begleeden.

​

Ech wäert d'Sécherstellen vun Ärer an Ärem Puppelchen senger Gesondheet gestalten.

Ech ënnerstëtzen Iech beim Stellen an beroden Iech iwwert d'Adaptatioun vun Ärem Puppelchen.

D'Visitte ginn bei Iech Doheem gemaach.

​

Ech géif mech freeën Iech virun der Gebuert ze treffen fir en éischte Kontakt ze kreéieren an eventuell Erkrankungen an Erkenntnis ze huelen, an doduerch schonn eng Bezéiung vu Vertrauen opzebauen.

 

D'CNS iwwerhëlt Nosuerg während engem Zeitraum fun 21 Deeg no der Gebuert mat Ordonnance fir Primipara (éischt Kand), bei Kaiserschnëtt, fréizeitech sortie fun der Maternité ( manner ewéi 48 Stonnen no der Gebuert), Gebuert vun Zwillinge oder Fréigebuert.

Fir Multipara gesäit CNS eng Betreiung während engem Zeitraum fun 15 Deeg no der Gebuert ouni Ordonnance fir.

D'Nosuerg kann op Ordonnance verlängert gi falss et noutwendeg ass. 

An dem Zeitraum fun 21 oder 15 Deeg no de Gebuert däerf  d'Betreieung net an der Praxis stattfannen mee soll bei Iech Doheem statfannen fir eng optimal Betreiung. Eng eenzeg Consultatioun däerf an desem Zeitraum an der Praxis  stattfannen.

Betreiung am Ausland ass leider  net méiglech och wann dir iwwert CNS versechert sidd.

CNS iwwerhellt dann nach weider 4 Consultatiounen ouni Ordonnance bis zu den 9 Méint fum aerem Kand. 

​

​

bottom of page