Ech stellen mech vir

Mäin Numm ass Emilie an ech sinn eng glécklech Mamm vun engem Jong.

Ech sinn Lëtzebuergerin an schwätze Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch.


De Beruff vun Hiewan war fir mech ëmmer selbstverständlech. Vun engem ganz jonken Alter un hunn ech ëmmer dovun geschwat Hiewan wëllen ze gin. Also hunn ech natierlech meng Studien als Hiewan zu Lëtzebuerg gemaach.

 

Déi lescht 16 Joeren hunn ech d'Gléck gehat mat ville Koppelen dëse spezielle Moment , deen d'Begréissung vun hirem Kand an der Sall d'Accouchement ass, kennen ze deelen. Ech hunn och Virbereedungscoursen a prénatal Consultatiounen gehalen.


Et war Zäit fir mech e neien Wee ze goen an d'Spidol ze verloossen. Esou well ech elo mat den Koppelen meng Erfarung deelen an mäi Beruff  mat  vill Leidenschaft an Freed als liberal Hiewan weiderféieren.

 

Et ass mat Freed datt ech Iech virun an no Ärer Gebuert begleeden wäert.

MECH KONTAKTEIEREN

 

© Naissance Sereine