BËBESSMASSAGE

D'Taschten ass deen éischte Sënn den Äre Puppelchen an Ärem Bauch entwéckelt.

An d'Hand um Bauch, ass dat net deen éischte Geste, dee mir instinktiv maachen, wa mir wessen, datt mir schwanger sinn?

Et ass dofir ganz natierlech datt d'Bereierung eng wichteg Saach am Puppelchen sengem Liewen ass .

De Frédérick Leboyer huet dat ganz gutt ausgedréckt andeems hien uginn huet, datt de Puppelchen sech net nëmme iwwert Mëllech ernährt, mee och iwwert Bereierung a Massagen.

D'Bëbeesmassage laut dem Frédérick Leboyer erlaabt Iech Äre Puppelchen Sécherheet, Léift a Gebuergenheet ze bidden. Et hëlleft der Entwécklung vun Ärem Puppelchen a fördert eng staark Bindung zweschen Iech an Ärem Kand.

 

Wärend engem Zyklus vu 4 Treffen vun 1 Stonn  wäert ech Iech d'Massagegesten a Manipulatioune léieren, fir datt Dir dës privilegiéiert Momenter mat Ärem Puppelchen a kompletter Autonomie a Vertraue selbstänneg Doheem vereiwegen kënnt.

D'Course si vu Gebuert bis 6 Méint zougänglech.

Well déi éischt Wochen mat engem Neigebuerenen Puppelchen net ëmmer einfach sinn an datt et virdeelhaft ass datt Dir Äere Rhythmus mat Ärem Kand fannt, recommandéiere ech  d'Coursen ongeféier  ab 4 Wochen unzefänken.

Duerch déi aktuell Situatioun vum Covid, sinn Gruppencoursen net méiglech, eenzel op Ufro.

Si ginn an engem Raum speziell fir de Komfort vun denen Klengen zu Biermereng gestallt.

 

 

De Präis fir 4 Gruppecoursen ass 120 Euro

Eenzel op Ufro 

 

© Naissance Sereine