
PRÉNATAL CONSULTATIOUNEN AN COURSEN
Als Hiewan weess ech, datt Schwangerschaft an d'Gebuert eng Zäit voller Freed awer och mat vill Zweiwelen a Froen kann verbonnen sinn.
Dofir setzen ech mech dofir an, dës Experienz sou autonom a positiv wéi méiglech ze maachen. Mat Ënnerstëtzung a Rotschléi wärend Ärer Schwangerschaft wëll ech Iech hëllefen Äre Puppelchen mat Vertrauen an engem sécheren Gefill kennen ze begréissen.
Bal 16 Joer Erfarung an der Salle d'accouchement, erlaben mir all néideg Informatiounen a Virbereedung mat Iech ze deelen.
Egal ob et sech em einfach Berodung, Informatiounen oder Virbereedungscoursen handelt, kënne mir zesummen Är Besoinen an Erwaardungen bestëmmen.
Mir wäerten verschidden Theme gesinn wéi:
- D'Physiologie vun der Schwangerschaft an der Entwécklung vun Ärem Puppelchen
- Déi éischt Kontraktiounen an wéini an d'Maternité kommen
- Déi verschidde Phasen vun der Gebuert an hier Betreiung
- Wéi Kontraktioune geréieren mat der Hëllef vun Ärem Partner an der Hiewan, d' Ootmung an der Entspanung
- Net-medikamentéis- an medikamentéis Erléisung vu Schmäerz
- Physiologesch Gebuert, Gebuertspositiounen
- Méiglech Komplikatiounen a Kaiserschnëtt
- Wat geschitt no der Gebuert
- D'Stellen
- Ären Openthalt an der Maternité
- Déi éischt Zeit Doheem
D'CNS iwwerhëlt 1 prenatal Consultatioun a bis zu 6 Virbereedungscoursen vun jeeweils 1 Stonn.
Prenatal Consultatioun soll bei Iech Doheem stattfannen.
Virbereedungscoursen fannen an der Praxis "Gesondheetszentrum Greiweldeng" zu Greiweldeng statt, entweder an der Koppel oder an Gruppen vun 2-3 Koppelen. An der Koppel kennen Coursen bis Juli och nach bei Iech Doheem stattfannen.
Virbereedungscoursen kennen och Doheem mat Ordonnance stattfannen falls eng medezinesch Indikatioun virleit.